top of page

Aweihung vun der rue Gust Graas



Den 15. Oktober huet den Gust Graas eng Stross op sein Numm zu Oberanven an der Gemeng Niederanven kritt. Den Buergerméschter, Fréd Ternes huet eng schéin Ried gehalen :


« Dëse 19. Dezember waer de Gust Graas 100 Joer al ginn an an deem Kader huet sai Meedchen Kit Graas eng ganz Réi Aktivitéiten op d’Been gestallt an eis als Gemeng och gefrot op et net méiglech wier, eng Strooss no sengem Papp ze benennen.


Mir hu keng Sekonn gezéckt an de Gemengerot huet dës Decisioun virun 2 Wochen unanime geholl.


De Gust Graas war definitiv och eng Gréisst vun eiser Gemeng : En Europäer, e Manager, e Moler an e groussartegen Mensch !

De Gust Graas gouf kuerz viru Chrëschtdag den 19. Dezember 1924 zu Esch gebuer.


Duerno sinn sie op Kaerjeng gezunn wou hien sech an d’Nopeschmeedchen verléift huet.


Mat nëmmen 7 Joer huet de Gust sech op den éischte Bléck a seng Léift d’Lydia verléift wat deemols 5 Joer al war. Domadden hate sie 79 glécklech Joren zesummen.


Well sai Papp Commissaire bei der Brigade zu Maacher ginn ass, sinn se rem geplënnert bis se schliesslech an hiert Heemechtshaus op Walfer gezu sinn.


Am zweete Weltkrich hat hien eng ganz schwéier Zait genee wéi ganz vill Leit an Europa. Hie gouf Zwangsrekrutéiert 1942. Hien war dunn Schüler am Iechternacher Lycée.


Am Juli 1944 ass hien geflücht, zréck bei seng Elteren op Walfer wou sain Heemechtshaus war, an huet sech geweigert rem un d’Front ze goen. 

Hien huet sech verstoppt a gouf weinst Fahneflucht zum Doud verurteelt. Hien huet sech zum Schluss am Bësch verstoppt well verschidde Famillen opgeflunn waren, bis et endlech geheescht huet: „D‘Amerikaner sin do!“

Leschte Freiden hate mir d’Geleenheet am Kader vun 80 Joer amerikanescher Befreiung eise Commemoratiounsdag ze feieren an also och d’Befreiung vum Gust Graas.


De Gust war gebuerenen Europaer. 


Hien huet nom Krich d’Jeunesses Fédéralistes matgegrënnt mam Zil d’Länner vun Europa zesummenzebréngen.


Nom Krich huet hien och Droit zu Louvain an zu Parais studéiert.

1950 ass hien mam Lydia bestuet ginn zu Kaerjeng an sie kruten 3 Kanner: d’Kit, d’Jeanne an de Marc.


1951 huet hien d’CSJ matgegrënnt also d’Jugendsektioun vun der CSV.

1952 ass de Gust Graas Jurist a Personalchef vun CLR respektiv duerno CLT ginn aus däer speider d’RTL Group erausgaangen ass. Hien gëllt domadden als ee vun de Päpp vun der Lëtzebuerger Medielandschaft.

Hien gouf 1957 Generalsekretär a Member vum Verwaltungsrot vun CLT.

1961 war de Gust Graas Matbegrënner vun der nationaler Fluggesellschaft Luxair an war do iwwer 20 Joer Président. Och d’Geschicht vun der Luxair ass staark mat eiser Gemeng verbonnen.


Nieft senger berufflecher Carrière huet de Gust Graas sech als Moler entwéckelt. En Talent wat hien vu sengem Papp geierft hat.

1963 hat hien seng éischten Ausstellung am Kader vum 1000-jährege Bestoen vun der Stad Lëtzebuerg.


D‘Iddi vun enger lëtzebuerger Teléssendung huet hien 1969 konkretiséiert: den Hei elei kuck elei deen all Letzebuerger bekannt ass war gebuer. Den Titel koum aus enger Zeil vum Dicks senger Mumm Séiss.


Fir seng kënschtleresch Talenter gouf de Gust Graas 1970 mam Prix Grand-Duc Adolphe ausgezeechent.


1975 gouf de Gust Graas zum Generaldirektor vun RTL ernannt. Et war hien deen RTL an europäesch Dimensiounen gefouert huet. Hien war maßgeblich un der Entstehung vum Fernsehsender RTL bedeelegt.


1977 krut Lëtzebuerg seng Senderechte fir sain Teléssatellit.


Am Dag war de Gust Graas Medien-Manager, a mat RTL, engem vun de mächtegsten an Europa, an an der Nuecht war hien Moler, well nieft sengem Lydia war d’Leinwand seng grouss Léift.


D’Molerei war fir hien wéi een dat haut géing nennen fir seng Work-life balance z‘erhalen. Wann hien gemolt huet, ass d’Zait fir hien stoen bliwwen.


De Gust Graas war Visionnär am Beruff an a senger Konscht! Hien hat all Dag nei Iddien a sengen Firmen awer och fir nei Biller.


1978 ass de Gust Graas an eis Gemeng geplënnert an huet soumadden bis zu sengem Doud 42 Joer an eiser Gemeng gewunnt. An eisem Gemengenhaus hänken och eng Réi Biller vun him, déi dir am Kader vun enger nächser Porte ouverte vun eisem Gemengenhaus och gären kucken kënnt kommen.


1983/84 huet hien RTLplus, een vun den eischte privaten Teléssenderen an Daitschland gegrënnt, deen erfrëschend aanescht war.


Hien huet 1984 mat RTL den 29. Eurovision Song Contest mat sengem Logo produzéiert.


1986 gouf RTL erfolgraich a ganz Europa: Milliounen Nolauschterer an Zuschauer.


Als Patron war de Gust Graas ganz staark geschaat. Hien war en Team-leader. Huet Talenter wéi de Frank Elstner oder den Hans Meiser erkannt an erausbruecht an d’Leit ronderem hien ennerstetzt.


Mam Karlchen um RTLplus huet hien eng ganz Generatioun geprägt.

1988 ass de Gust Graas an d’Pensioun gaangen an huet sech vill op Mallorca zréck gezunn wou hien seng artistesch Carrière weidergefouert huet.


Als Moler hat hien Ausstellungen an der ganzer Welt.


Ech erennere mech nach ganz gutt wéi mir 2014 zimlech genee virun 10 Joer de Gust Graas mam Mérite culturel vun der Gemeng Nidderaanwen ausgezeechent hunn.


Als Merci hat hien eis als Schäfferot jidderengem eng perseinlech Kaart gemoolt fir sech ze bedanken.


Den 19. Februar 2020 ass hien am Alter vun 95 Joer verstuerwen. Dat no engem erfëllte Liewen. Als ee vun de bedeitesten lëtzebuerger Kënschtler. Als Medien-Manager. Als laangjäehrege President vun der Luxair. Als Europaer an einfach als formidable Mensch. E Mensch mat enger immenser Sensibilitéit. E Multitalent.


De Jean-Claude Juncker sot: de Gust Graas war e grousse Patron, en Visionnär an sait senger Jugend en iwwerzeegtenen Europaer. 


Fir him ze Gedenken ginn et zwou Ausstellungen an eng dovunner ass elo déi nächst 3 Wochen an eisem Kulturhaus zu Nidderaanwen.


Uschléissend un des Feier ass de Vernissage an dann kann een d’Ausstellung nach bis den 8. November kucke goen. Den Hommage-Finissage vum Gust Graas.


Et ass eng Éier fir eis Gemeng datt de Gust Graas esou laang bei eis an der Gemeng gewunnt huet an dës Strooss soll eiweg un hien erenneren. »

Aktuelle Beiträge

bottom of page