© RTL
An deem Kader huet seng Duechter, d’Kit Graas, eng ganz Rëtsch Expoen an Evenementer dat ganzt Joer iwwert programméiert. Ugefaange mat enger Ausstellung zu Schëffleng am Konschthaus: Inédits d’atelier. A wie den Titel et scho verréit, kritt den Publikum hei en Abléck a ganz perséinlech Wierker vum Kënschtler.
E ganzt Joer laang wëllt d’Kit Graas, dem Gust Graas seng Duechter, dem Publikum Wierker, vun hirem 2020 verstuerwene Papp, méi nobréngen. Wierker, déi dacks nach net vum Publikum gesi goufen, an déi dem Mënsch an dem Moler seng Gefills a Schafens-Welt erëmspigelen. Fir di aktuell Expo zu Schëffleng am Konschthaus kritt een e ganz perséinlechen Abléck an dem Gust Graas seng fréi Konscht.
Net nëmme seelen Autoportraite sinn ze gesinn, ma d’Kit Graas wollt och déi ganz verschidde Stiler vun hirem Papp an der Ausstellung weisen.
Well de Gust Graas e sou e villschichtege Mënsch war, huet seng Duechter decidéiert, eng ganz Rëtsch vun Evenementer dat ganzt Joer iwwer ze organiséieren, Expoen, ma och e groussen Concert Enn des Jores.
Di aktuell Ausstellung zu Schëffleng kann een nach bis den 18. Mee gesinn, den nächste Rendez-vous ass dann de 6. Juni an der Abtei Neimënster, mam Thema: "Gust Graas et les femmes".